Wikipedia:De Stamminee
|
De Stamminee ass eng Plaz fir sech z'entspanen, Froe kënnen ze stellen a sech iwwer de Projet ze renseignéieren. Reegelen
Fir datt de Stamminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir Iech:
Kuckt och
Archiven
Hei kënnt Dir d'Archive vum Stamminee duerchsichen. Villäicht fannt Dir och an den Archiven eng Äntwert op Är Froen. |
Wikiiessen 2026
[Quelltext änneren]D'Wikiiessen 2026 ass e Samschdeg, de 7. Mäerz, ab 11:45 Auer am Restaurant „De Spackelter“ zu Leideleng an direkt am Uschloss ab 15:00 Auer ass d'Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg am Kulturzenter „An der Eech“, och zu Leideleng. Jiddwer Wikipedianer ass häerzlechst agelueden um Wikiiessen, un der Generalversammlung oder u béiden deelzehuelen.
Dës Kéier ass fir d'éischte Kéier d'Erweiderung CampaignEvents am Asaz, iwwer déi ee sech fir dat jeeweilegt Evenement umelle kann (Wikipedia:Wikiiessen 2026 a Wikipedia:Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026). Organisateure si meng Wéinegkeet an de Sultan Edijingo. Wee selwer en Evenement organiséiere well, muss een Administrateur sinn oder zur Benotzergrupp event-organizer gehéieren; an déi leschtgenannte Benotzergrupp kann ee vu jiddwer Admin gesat ginn, ouni eng formal Prozedur duerchlafen ze mussen.
Ee Mount virum Wikiiesse maachen ech nach eng Kéier e Reminder a kontaktéieren déi aktiivste Benotzer op der lbwiki. --Volvox (Diskussioun) 16:26, 4. Okt. 2025 (UTC)
- Update: D'Generalversammlung gouf op 14:00 Auer virgeréckelt. Kuckt Wikipedia:De Stamminee#Wikiiessen 2026 a Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg. --Volvox (Diskussioun) 12:27, 15. Feb. 2026 (UTC)
Cheemesch Elementer
[Quelltext änneren]Gudde Mëtteg,
Ech hunn eng Infobox mat de Besisinformatiounen fir d'Cheemesch Elementer ugeluecht an d'Këscht och elo am Artikel Waasserstoff agebaut. Wann een all d'Artikelen iwwer d'cheemesch Elementer kuckt, gesäit een, datt do sengerzäit ee sech vill Aarbecht gemaach hat fir eng Zort Tabell mat den Eegenschaften unzeleeën. Ier ech elo all Artikel upasse ginn, wollt ech wëssen: soll déi Tabell esou bestoe bleiwen oder ka s'ersat ginn mat engem Bild (Positioun am Periodesystem) esou wéi ech et beim Waasserstoff gemaach hunn? Merci fir Äre Feedback. | GilPe (Diskussioun) 14:25, 7. Okt. 2025 (UTC)
- Moien,
- ech denken d'Tabell z'ersetzten wier déi bescht Léisung.
- Mee ass et méiglech dat Bild (vun der Positioun am Periodesystem) an d'Infobox z'integréieren? | Mobby 12 (Diskussioun) 18:57, 7. Okt. 2025 (UTC)
Okee, ech waarden emol nach wien sech nach vläicht zum Theema mellt.
Esouwäit ech weess, kann ee just 2 Biller an der Këscht abauen (also uewen d'Bild a ënnen d'Scheema); an ech hunn op Wikidata keng Property fonnt, wou d'Bild mat der Positioun am Periodesystem kéint agesat ginn. |
- Ech fannen déi Tabell mam Periodesystem an der Positioun vum jeeweilegen Element sollt an der Infobox stoen. E Bild vum Element aus Wikidata an d'Scheema vun den Elektronekusche kann ee jo am Artikel oder eben eent dovunner och an der Box ënnerbréngen. --Volvox (Diskussioun) 19:38, 18. Okt. 2025 (UTC)
Merci, jo dat ass eng gutt Méiglechkeet; ech waarden nach op dem @Marko Kafé seng Meenung. | GilPe (Diskussioun) 20:06, 18. Okt. 2025 (UTC)
Entschëllegt déi spéit Äntwert, mee mir ware am Congé. Ech fannen et eng gutt Iddi, d'Bild vun der Positioun am Periodesystem anzebauen. Daat ass wischtesch, well mir op der WikiCon 2025 diskutéiert hunn, wéi mir Wikipedia op d'Zukunft virbereede kënnen. Vill Leit waren der Meenung, mir sollten méi Biller an aner Mediendateien abannen, well zukennfteg Generatiounen domat am Internet vertraut sinn.Marko Kafé 13.05, 25. Okt. 2025
- Merci Marko Kafé. Ech bauen d'Këscht ëm, soubal ech mat mengem aktuelle Projet fäerdeg sinn. | GilPe (Diskussioun) 13:28, 25. Okt. 2025 (UTC)
Zuelen
[Quelltext änneren]Moien,
do ech an der nächster Zäit geplangt hat, d'Artikele vun den Zuelen auszebauen an eventuell weider Artikelen unzeleeën, hunn ech mir d'Fro gestallt, op et eventuell trotzdeem net besser wier, d'Zuelen am Lemma net méi auszeschreiwen mee als Zuelen dohin ze schreiwen. Bespill: net Fënnefanzwanzeg, mee 25 (Zuel). A mengen Aeën kéint een d'Zuelen doduerch méi séier fannen... Wat ass är Meenung dozou? | Mobby 12 (Diskussioun) 11:12, 9. Okt. 2025 (UTC)
- Ech mengen net, datt dat en Ënnerscheed fir d'Fannbarkeet mécht, ob en Artikel elo 25 (Zuel) amplaz Fënnefanzwanzeg heescht, soulaang et eng Viruleedung vu 25 (Zuel) op Fënnefanzwanzeg gëtt (an dat ass bei allen Zuele bis elo de Fall). Mee wann ech 25 an d'Sichfeld aginn, gesinn ech fir d'éischt d'Joer an duerno all Datum, dee mat 25. ufänkt, dohier schéngt een den Zuelenartikel souwisou net duerch d'Antippe vun der Zuel fannen ze kënnen ouni zumindest bis 25 ( anzetippen. --Volvox (Diskussioun) 12:17, 11. Okt. 2025 (UTC)
- Jo, do ginn ech dir Recht, fir den Artikel méi séier ze fannen mécht an deem Kontext wéineg Sënn.
- Wann een elo awer beispillsweis eng Zuel wéi zweedausendfënnefanzwanzeg hätt, hätt ech mir geduecht, datt 2025 (Zuel) als Lemma besser wier. D'Wuert zweedausendfënnefanzwanzeg géif een da jo souwisou an den Artikel schreiwen; Beispill: D'Zuel 2025, ausgeschriwwen, zweedausendfënnefanzwanzeg, ass eng natierlech Zuel asw. | Mobby 12 (Diskussioun) 14:08, 11. Okt. 2025 (UTC)
- Wéi wier et dann, wa mer mol einfach bei de Warscheinlechkeete bleiwen an all déi Zuele vergiessen, déi héchstwarscheinlech ni en Artikel misste kréien.
- Dann nach eppes zum Lëtzebuergeschen: do ech an der nächster Zäit ass falsch. Et soll heeschen well ech an der nächster Zäit.
- Dat däitscht Wuert da kann als Konjunktioun oder als Adverb gebraucht ginn. Wann et als Abverb gebraucht gëtt dann heescht et op Lëtzebuergesch do. Wann et als Konjunktioun gebraucht gëtt dann heescht et well (Duden de:weil als Synonym vun da).
- Doriwwer ass de Saz och falsch, well an der nächster Zäit ass an der Zukunft, a geplangt hat ass an der Vergaangenheet, an dat passt net zesummen (weder am Lëtzebuergeschen nach an enger anerer Sprooch). Les Meloures (Diskussioun) 15:36, 11. Okt. 2025 (UTC)
- Ech mengen och, mer sollte beim Ausgeschriwwene bleiwen an eng Weiderleedung vun z. B. 2025 (Zuel) dohinner maachen. | GilPe (Diskussioun) 16:02, 11. Okt. 2025 (UTC)
- Okee, merci fir är Äntweren a Meenungen.
- @Les Meloures Merci. (Wëll och net bis d'Zuel 2025, mee maximal bis 99 maachen. Méi brauch een och wierklech net.) | Mobby 12 (Diskussioun) 19:26, 11. Okt. 2025 (UTC)
- Ech mengen och, mer sollte beim Ausgeschriwwene bleiwen an eng Weiderleedung vun z. B. 2025 (Zuel) dohinner maachen. | GilPe (Diskussioun) 16:02, 11. Okt. 2025 (UTC)
Virtrag op der AdminCon 2026 iwwer d'lbwiki?
[Quelltext änneren]Gudde Mëtteg Administrateuren an alleguer, et steet d'Iddi am Raum op der AdminCon 2026 (30.01.-01.02. zu Bremen) e klenge Virtrag iwwer d'Administratorentätegkeet op der lëtzebuergescher Wikipedia ze halen. De Gedanken dohannert ass et, datt d'Lëtzebuerger an déi Däitschsproocheg sech austausche kënnen iwwert déi ënnerschiddlech Praktiken an Erausfuerderunge vun den Administrateuren op der lbwiki an der dewiki, déi (warscheinlech) gréisstendeels duerch de risege Gréisstenënnerscheed bedéngt ass. Ech denken, datt dobäi haaptsächlech mir vun der dewiki hirer Erfarung profitéiere kënnen; mee dofir muss een hinnen ee Bild vun eiser Situatioun ginn. Dofir wollt ech hei Punkte sammelen, déi een an esou engem Virtrag behandele kéint. Schreift gär Är Iddien hei ënnendrënner. --Volvox (Diskussioun) 20:29, 30. Okt. 2025 (UTC)
- Entwécklung vun der Administratorenzuel iwwer d'Zäit, falls déi Informatioune rekonstruéiert kënne ginn, an dat virum Hannergrond vun der Gesamtbenotzerzuel.
- Am Archiv vun der Communautéitsäit/Aktuelles misst dat ernimmt gi sinn. --Z.
- Walmechanismus a Krittäre fir Administratore beschreiwen.
- D'lbwiki huet kaum formaliséiert Richtlinnen, déi Reegelen opstellen, wéi en Admin seng erweidert Rechter benotzen däerf oder soll. Et huet sech eng informell Praxis entwéckelt, wou éischter d'Gewunnechtsrecht gëllt, wéi geschriwwe Reegelen.
- Kuckt mäi Commetaire ënnendrënner --Z.
- Läschen: Mir hu Reegelen fir d'Läsche vu Säiten no Ofstëmmung (och wann d'Delaie vum Ofstëmmen net ëmmer agehale ginn), mee wat d'Direkt-läschen (resp. Schnellläschen) ugeet, hu mer zwar eppes ales opgeschriwwen, mee dat huet guer näischt mat der vill méi wäit goender Praxis vum direkt läschen ze dinn huet. De Mangel u Riichtlinnen ass eppes, wat mer opschaffe mussen, mee et feelt eis och u Prozedure fir Riichtlinne verbindlech z'erstellen.
- Wat géif bei eis am Fall vun Admin-Abus geschéien? Weess do een, ob resp. wat et an der Vergaangenheet fir Fäll gouf a wéi domat ëmgaange gouf?
- Ee Fall vun 2008; hie krut vun engem Stewart d'Rechter entzunn. Kuck: Wikipedia:De_Stamminee/Archiv2008/Juni#Amoklaf_hënnt
- Mir si manner mat Vandalismus konfrontéiert (well mer e manner attraktiivt Zil sinn?). Hei kéint ee Benotzer-/IP-Späre pro Zäiteenheet absolut a relativ op der lbwiki mat der dewiki vergläichen, oder de Grad vum Réckgängeg maachen; wéi vill geläscht gëtt, seet net vill aus, well dat meeschtens net vu Vandalismus kënnt; eventuell Säiten, déi geschützt sinn; eng Versioun geläscht gouf laut dem Robby just eemol an der Geschicht vun der lbwiki.
- Eng Problematik, déi mer och idealerweis prophylaktesch mat Reegelen encadréiere sollten, ass déi, wa Leit insistéieren, dass Artikelen iwwer si solle geännert/gekierzt/ganz geläscht ginn, mat der Grondsätzlecher Fro vun der Definitioun vun allgemengem Intressi vs. Perséinlechkeetsrechter (do hat sech d'Dateschutzkommissioun schonn eng Kéier ageschallt - kuckt d'Causa "v. T.") --Z.
- Mir si sou kleng, datt et theoreetesch méiglech ass, datt een d'Rezent Ännerunge komplett duerchgeet, wat op grousse Wikie warscheinlech net machbar ass, wou deemno méi onkonstruktiv Kontributiounen iwwersi gi kéinten? Et kéint een uginn, wéi vill nei Ännerunge mer am Schnëtt pro Zäiteenheet hunn.
- Et kéint een och eppes iwwer den Zougrëff op de MediaWiki-Nummraum a Konfiguratiouns-Spezialsäite soen a wat fir een Notze vun deene Méiglechkeet mir maachen.
- Grondsätzlech sollt een déi Presentatioun an de méi allgemenge Kader 'framen', wat eng 'kleng' vun enger 'grousser' Wiki ënnerscheet, d.h., wat fir Froen a Méiglechkeeten sech duerch déi/wéinst der respektiv(er) Gréisst stellen - oder och net. Aner Wikie vun änleche Gréisst si warscheinl. mat deene selwechte Froe konfrontéiert. Dat relativéiert dann och déi Probleematike vun eiser.
- An dann och e puer Wuert iwwer d'Partikularitéit vun der Méisproochegkeet, d.h, 99,9 % déi Lëtzebuergesch liesen a schreiwe kënnen. kënnen och op d'mannst eng aner Sprooch, an dâr se schreiwe kéinten, a wat dat op Artikelauswiel, Prioritéiten asw. bedeit.
- ... a wa mer scho bei de méi allgemengen Theme sinn: Wat maache mat Maschinneniwwersetzungen, déi ëmmer méi heefeg optauchen, an déi de Leit, déi sech ëm Qualitéitssécherung këmmeren, d'Liewen net onbedingt méi einfach maachen?
Kommentaren
[Quelltext änneren]Merci fir déi Kompilatioun!
E puer Commentairë vu mir: Nieft faktuelle Beschreiwunnge wërfs d'eng Rëtsch Froen op, déi sech doraus erginn. Ech giff dofir proposéieren, méi däitlech ze differenzéieren tëscht Punkten, déi an engem Exposé virun internationalem Publikum ernimmt an/oder beschriwwe ginn, an, bei verschiddenen dovun, den operative Konklusioune déi sech doraus fir eis hei giffen erginn; an déi tëschent eis diskutéiert, ma net onbedingt an der Ëffentlechkeet breetgetrëppelt sollt ginn. Ech mengen domat z.B. déi Saachenn, wou et éischter Gewunnechte wéi niddegeschriwwe Reegele sinn, déi d'Saach um Rullen halen: Hei wier et gutt, an eegenen Diskussiounen ze kucken, wéi dat leeft, wat d'Vir- an Nodeeler sinn, an ob een dat misst duerch eng méi streng Formaliséierung ersetzen, oder och net, a wa jo, wéi déi soll ausgesinn. Dast ass e Batz Aarbecht déi mer Stéck fir Stéck sollen ugoen, ma wéi gesot net engem externe Public souzesoen zur Diskussioun ginn, ier mer eis selwer dermat ausernee gesat hunn.
Virtrag ugeholl
[Quelltext änneren]Ech wollt Bescheed soen, datt de Virtrag offiziell op de Programm gesat gouf an den 31. Januar vun 9:15 bis 9:30 Auer wäert sinn: de:Wikipedia:AdminConvention 2026/Themen --Volvox (Diskussioun) 17:00, 5. Dez. 2025 (UTC)
Slides
[Quelltext änneren]An hei nogedroen d'Slides vum Volvox sengem Virtrag. --Zinneke (Diskussioun) 21:13, 9. Feb. 2026 (UTC)
- Merci fir d'Deele vum Link! Fir de Kontext hei nach de Programm vun der AdminCon 2026, vun deem aus een och op all déi aner Säite kënnt. Natierlech hunn ech op der Plaz och e bësse méi erzielt, wéi op de Slidë steet. Mee réckbléckend am Beschte fir mech un der AdminCon war, datt ech do liicht mat Leit an d'Gespréich komm sinn, wat natierlech doduerch bedéngt war, datt ech relativ um Ufank de Kuerzvirtrag gehalen hunn an d'Leit deemno eppes mat mir unzefänke wossten, awer och well d'AdminCon weesentlech méi kleng am Kader ass wéi eng WikiCon oder eng Wikimania. Ech kann den Interesséierten d'AdminCon 2027 also just un d'Häerz leeën! Wee sech allerdéngs méi fir aner Theemen interesséiert wéi just fir adminspezifescht Geschier, deen ass natierlech besser bedéngt mat enger WikiCon oder enger Wikimania (déi nächst ass Enn Juli zu Paräis! Méi no kënnt se warscheinlech net méi). Ech gouf och mat enger Rei vun Iddie geimpft, déi ech, sou wéi et sech ergi wäert, hei an/oder um Wikiiessen/Generalversammlung zur Sprooch brénge wäert. --Volvox (Diskussioun) 21:44, 9. Feb. 2026 (UTC)
Migration zu Parsoid
[Quelltext änneren]Lies dies in einer anderen Sprache
Hallo zusammen! Ich freue mich, euch mitteilen zu können, dass als nächster Schritt des Projekts Parser-Vereinheitlichung Parsoid bald als Standard-Renderer für Artikel in deinem $wiki aktiviert wird. Wir erhöhen schrittweise die Anzahl der Wikis, die Parsoid verwenden, mit der Absicht, es zum Standard-Wikitext-Parser für die nächste langfristig unterstützte Version von MediaWiki zu machen. Dadurch werden unsere Wikis für Autoren, Leser und Tools zuverlässiger und konsistenter und die Entwicklung zukünftiger Wikitext-Funktionen wird einfacher.
Wenn dies deinen Arbeitsablauf stört, mache dir keine Sorgen! Du kannst dies immer noch über eine Benutzereinstellung deaktivieren oder Parsoid auf der aktuellen Seite über das Werkzeuge-Untermenü deaktivieren, wie in der Dokumentation zur Erweiterung:ParserMigration beschrieben.
Es stehen weitere Informationen zu unserer Einführungsstrategie zur Verfügung, einschließlich der Tests, die durchgeführt werden, bevor wir Parsoid für ein neues Wiki aktivieren.
Um Fehler und Probleme zu melden, sieh dir bitte unsere Dokumentation zu bekannten Problemen an und wenn du einen neuen Fehler findest, erstelle bitte ein Phab-Ticket und markiere das Team Content Transform im Phabricator.
Content Transform Team 21:43, 28. Nov. 2025 (UTC)
(Diese Nachricht wurde an Wikipedia:De Staminee gesendet und wird aufgrund einer Weiterleitung hier veröffentlicht.)
Komma bei Referenzen ewechloossen
[Quelltext änneren]Ech proposéieren, datt mer den héichgestallte Komma bei méi Referenzen hannerteneen ewechloossen. Konkreet schwätzen ech vum {{,}}, deen a Fäll wéi deem heite gesat gëtt:
Wikipedia ass eng Enzyklopedie<ref>Quell 1</ref>{{,}}<ref>Quell 2</ref>.
→ Wikipedia ass eng Enzyklopedie[1],[2].
Amplaz wéilt ech einfach dat heiten:
Wikipedia ass eng Enzyklopedie<ref>Quell 1</ref><ref>Quell 2</ref>.
→ Wikipedia ass eng Enzyklopedie[1][2].
Grënn fir d'Ewechloossen:
- De Komma féiert zu Feeler bei allméiglechen Geschier, dat den Artikelufank scannt fir eng Zesummefaassung unzeweisen. Dobäi ginn nämlech Referenzen (an alles tëscht Klammeren etc.) ewechgelooss, mee den , bleift dann isoléiert am Saz stoen. Dat betrëfft zum Beispill d'Linkvirschau, déi een ugewise kritt, wann ee mat der Maus iwwer ee Link fiert, oder an der Wikipedia-App, wärend een eng Artikelbeschreiwung derbäisetzt. Wee sech en Androck dovunner maache wëll, kann dat liicht ausprobéieren.
- Ech denken datt keen, deen et net scho weess, déi speziell Kommaschabloun vu sech aus setzt. Et muss een et also schonn enzwousch gesinn an ofgekuckt oder gesot kritt hunn, fir dat systematesch ze maachen. Dat féiert vum selwen zu enger oneenheetlecher Praxis, déi da vun deene korrigéiert muss ginn, déi „wëssen“, datt do ee Komma higehéiert.
- Et ass beim Schreiwen en zousätzlechen Opwand, deen a mengen Aen net wierklech eppes bréngt.
Den éischtgenannte Grond ass a mengen Aen dee wichtegsten an d'Ursaach, firwat ech proposéieren déi duerch d'Praxis begrënnt Reegel, datt e Komma kënnt, duerch déi ënner Hëllef:Referenzen néierzeschreiwend Reegel z'ersetzen, datt kee kënnt.
Grënn fir d'Bäibehalen:
- Villäicht fanne verschidde Leit et mat Komma méi schéin? Fir Grënn fir d'Behale freet ee besser déi Leit, déi d'Praxis agefouert hunn.
Dir gesitt, ech sinn net ganz neutral, mee ech weess wierklech net, firwat mir dee Komma setzen –ech hunn op allefall näischt fonnt ausser Schabloun:,/doc –; do kann ech also net vill schreiwen.
Wéi maachen déi aner Wikien et?
- Op der dewiki an der enwiki gëtt kee Komma gesat. Op der frwiki gëtt ee gesat, mee do gëllt fr:Wikipédia:Résumé introductif#Références, d. h. et soll een am Résumé introductif evitéiere fir Referenzen ze setzen (mat der Begrënnung, datt an der Aleedung näischt stoe soll, wat net spéider am Artikel developpéiert an do mat Referenze beluecht gëtt). Domat gëtt mäin Haaptgrond géint de Komma – nämlech datt et an der Aleedung zu Feeler am Affichage féiert – evitéiert. Op der lbwiki ass déi Riichtlinn awer net praktikabel, well mir grad am éischte Saz oft souguer déi meeschte Referenzen hunn (Gebuerts- an Doudesdonnéeën …), och well d'Artikele meeschtens net grouss genuch sinn, fir alles nach eng Kéier an engem aparten Abschnitt breet ze trëppelen.
Dat meng Argumentatioun. Sot mer Är Meenung. --Volvox (Diskussioun) 21:11, 6. Jan. 2026 (UTC)
- Ech hu Hëllef:Referenzen mol an d'Géigewaart bruecht. Zur Kommaugeleeënheet hunn ech awer nach näischt Siichtbares geschriwwen (just am Beispill hunn ech en net gesat). --Volvox (Diskussioun) 22:00, 6. Jan. 2026 (UTC)
- Fir et kuerz ze maachen: 'T ass mir ees wéi ees; eng minimal Preferenz fir dee Komma aus esteetesche Grënn (da kludderen déi eckeg Klameren net sou uneneen), ma wann et aner Grënn dergéint ginn - keen Drama. --Zinneke (Diskussioun) 08:41, 7. Jan. 2026 (UTC)
- Perséinlech gesinn ech kee praktesche Wäert bei deem Komma. --Les Meloures (Diskussioun) 10:34, 7. Jan. 2026 (UTC)
- Ech hunn de Komma meeschtens net gesat, ganz einfach well et et vergiess hunn… an et gefält mer iwweregens och besser (ganz perséinlech Meenung) wa kee Komma tëscht de Klamere steet ;-) Vu mir aus kann en deemno fort! | GilPe (Diskussioun) 13:46, 7. Jan. 2026 (UTC)
- Loosse mer dee Komma eweg, deen a mengen An kee weideren Notzen huet.--Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:26, 7. Jan. 2026 (UTC)
- Gesinn et genee esou, de Komma ka fort. | Mobby 12 (Diskussioun) 15:11, 7. Jan. 2026 (UTC)
- Majo tipptopp a Merci fir de Feerback! Dann ass d'Lag jo relativ kloer. Op Hëllef:Referenzen#Méi Referenzen op enger Plaz steet lo explizitt, datt ee kee Komma oder soss Trennzeeche setze soll. Da schécken ech mäi Bot lo op grouss Missioun.
- Fir d'Frënn vun den Zuelen: Stand elo gouf d'Variant mat Komma op 1.781 Säiten (Sich mat
insource:/\>\{\{,\}\}\<ref/) an d'Variant ouni Komma op 1.458 Säiten (Sich matinsource:/\>\<ref/) benotzt. Dobäi feelen natierlech Varianten, wou z. B. ee Leerzeichen nach enzwousch steet etc. - --Volvox (Diskussioun) 17:57, 7. Jan. 2026 (UTC)
- Gesinn et genee esou, de Komma ka fort. | Mobby 12 (Diskussioun) 15:11, 7. Jan. 2026 (UTC)
- Loosse mer dee Komma eweg, deen a mengen An kee weideren Notzen huet.--Sultan Edijingo (Diskussioun) 14:26, 7. Jan. 2026 (UTC)
Koordinaten
[Quelltext änneren]Moien alleguer,
Wéi et schéngt fonctionéiert de Geohack net méi wann een a senge Sproochastellunge Lëtzebuergesch huet. Wees do ee méi firwat dat ass, a wéi dat ka behuewe ginn? --Les Meloures (Diskussioun) 18:29, 15. Jan. 2026 (UTC)
- Moien. Ech hunn och festgestallt, datt et net méi funktionéiert wann ech ageloggt sinn (ech hunn och lb als Sprooch agestallt). D'Feelermelduzng déi kënnt ass: „Dës Säit huet aktuell keen Text. Dir kënnt op anere Säiten no dësem Säitentitel sichen, an den entspriechende Logbicher nokucken oder dës Säit uleeën.“ Ouni sech anzeloggen oder mat den Astellungen an enger anerer Sprooch klappt et. | GilPe (Diskussioun) 07:47, 16. Jan. 2026 (UTC)
- @GilPe Wat gesäis du dann, wann s de ausgeloggt bass oder eng aner Sprooch am Interface hues? Bei mir klappt et nämlech och dann net. --Volvox (Diskussioun) 16:22, 16. Jan. 2026 (UTC)
- Esoubal ech eng Sprooch astellen déi net-Lëtzebuergesch ass (oder net ageloggt sinn, dann ass d'Sprooch d'office en), klappt et normal, d. h. ech kréien d'GeoHack-Säit. | GilPe (Diskussioun) 16:54, 16. Jan. 2026 (UTC)
- Normalerweis gëtt d'Ausgesi vu GeoHack fir eng Sprooch duerch Schablounen op der jeeweileger Wikipedia festgeluecht. Därer hu mer keng a laut mw:GeoHack misst deemno den englesche Layout gräifen. Dat ass awer net méi geschitt a wärend ech dat heiten tippen, gesinn ech, datt GeoHack elo guer net méi erreechbar ze si schéngt (404 Not Found), och net op de oder en. Et schéngt also e Problem mam Tool selwer ze sinn. --Volvox (Diskussioun) 22:00, 16. Jan. 2026 (UTC)
- Ech gesinn zwee Weeër:
- Mir leeën eng Schabloun mam Numm {{GeoTemplate}} un, déi den Inhalt vun deem, wat op GeoHack (hei mat Beispillkoordinaten) gewise gëtt, definéiert. Dobäi kënne mer eis un en:Template:GeoTemplate oder de:Vorlage:GeoTemplate inspiréieren. Dat ass de proppere Wee a sou, wéi et geduecht ass.
- Mir leeden d'GeoHack-Linken, déi iwwer {{wikidata}} generéiert ginn (dat dierften déi meeschten an eisen Infoboxschabloune sinn), explizitt op déi englesch (oder däitsch oder ...) Versioun ëm. --Volvox (Diskussioun) 19:35, 18. Jan. 2026 (UTC)
- Souwäit wéi ech gesinn schéngt et elo rëm ze fonctionéieren. D'Iddi datt et e generelle Problem mam Tool war schéngt deemno richtegt gewwiescht ze sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:17, 19. Jan. 2026 (UTC)
- Ps: Iertum mengersäits, de Problem besteet weider bei de Wäerter déi vu Wikidata kommen. Do wou se manuell agesat goufen, besteet de Problem net.--Les Meloures (Diskussioun) 11:22, 19. Jan. 2026 (UTC)
- Ech gesinn zwee Weeër:
- Normalerweis gëtt d'Ausgesi vu GeoHack fir eng Sprooch duerch Schablounen op der jeeweileger Wikipedia festgeluecht. Därer hu mer keng a laut mw:GeoHack misst deemno den englesche Layout gräifen. Dat ass awer net méi geschitt a wärend ech dat heiten tippen, gesinn ech, datt GeoHack elo guer net méi erreechbar ze si schéngt (404 Not Found), och net op de oder en. Et schéngt also e Problem mam Tool selwer ze sinn. --Volvox (Diskussioun) 22:00, 16. Jan. 2026 (UTC)
- Esoubal ech eng Sprooch astellen déi net-Lëtzebuergesch ass (oder net ageloggt sinn, dann ass d'Sprooch d'office en), klappt et normal, d. h. ech kréien d'GeoHack-Säit. | GilPe (Diskussioun) 16:54, 16. Jan. 2026 (UTC)
- @GilPe Wat gesäis du dann, wann s de ausgeloggt bass oder eng aner Sprooch am Interface hues? Bei mir klappt et nämlech och dann net. --Volvox (Diskussioun) 16:22, 16. Jan. 2026 (UTC)
Zürech oder Zürich?
[Quelltext änneren]Moien,
Ech beschäftege mech momentan mat Schwäizer Artikelen. D'Fro déi ech mer stellen: schreiwe mer Zürech oder Zürich? (momentan ass de gros op der lb.wiki Zürich). Well mer jo awer gemenkerhand och Oochen an net Aachen schreiwen, wär ech och fir d'Variant Zürech. Wat mengt d'Communautéit? | GilPe (Diskussioun) 21:52, 15. Jan. 2026 (UTC)
- Naiv gefrot: Ass „Zürech“ wierklech verbreet oder etabléiert am Lëtzebuergeschen? Ofgesi vun de „Lëtzebuerger Studente vun Zürech“ fannen ech net direkt Beispiller. Virun dengem Message hei hät ech mech net mol gefrot, ob et eng Alternativ zu „Zürich“ gëtt, mee dat seet villäicht méi iwwer mech aus wéi iwwer d'Sprooch. --Volvox (Diskussioun) 07:53, 16. Jan. 2026 (UTC)
- Idem Volvox. Ech hu beim googelen nach just d'Schreifweis Zürech bei Medie fonnt, déi bekannt sinn, fir net dat bescht Lëtzebuergesch vu sech ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 08:13, 16. Jan. 2026 (UTC)
- Fir mech ass "Zürech" de lëtzebuergeschen Numm, deen ech selwer och géif benotzen, an "Zürich" eben den Originalnumm. --MMFE (Diskussioun) 08:22, 16. Jan. 2026 (UTC)
- PS. Ech géif mol soen datt wa mer keen honnertprozentege Beleeg hunn, datt dat eent méi heefeg gebraucht gëtt wéi dat anert, da solle mer den Originalnumm als Lemma huelen, mat deem si mer mol op jiddwerfall ëmmer richteg. --Les Meloures (Diskussioun) 12:14, 16. Jan. 2026 (UTC)
Ech hunn elo nach e bësse gesicht a fannen Zürech nieft dem Studenteclub och nach vereenzelt beim 100,7 an RTL. An der Logik vu Garnich → Garnech, Gasperich → Gaasperech oder Hollerich → Hollerech kann et awer net ganz falsch sinn; ech sinn awer domat averstanen, datt mer bei Zürich bleiwen, well et effektiv néierens beluecht ass. | GilPe (Diskussioun) 12:54, 16. Jan. 2026 (UTC)
- Moien, ech schloen "Zürich" als Lemma fir Stad a Kanton vir, mat "Zürech" tëscht Klameren am Aféierungssaz):
- Zürich (geleeëntl. op Lëtzebuergesch Zürech) ass eng Stad/e Kanton ...
- "Zürech" schéngt mer éischter eng net richteg gefestegt Niewevraint ze sinn. --Zinneke (Diskussioun) 14:24, 16. Jan. 2026 (UTC)
25 Joer
[Quelltext änneren]Just fir et och hei festzehalen: De 25. Gebuertsdag (15. Januar 2026) vun der Wikipedia gouf a sëllege Medien uechter d'Welt thematiséiert. Zu Lëtzebuerg hunn der hirer dräi prominent doriwwer bericht, andeems s'och spezifesch op déi Lëtzebuergesch Versioun agaange sinn. 3 Membere vu Wikimedia Lëtzebuerg stounge fir Interviewe bereet (Kuckt: Wikipedia:Presserevue).
Historique vun den Administrateuren
[Quelltext änneren]Salut, ech hunn als Virbereedung fir de Virtrag op der AdminCon nogesicht, wien zu wat fir enger Zäit Admin op der lëtzebuergescher Wikipedia war, an dat hei zesumme gedroen: Benotzer:Volvox/Historique vun den Administrateuren.
Fir z'evitéieren, datt ech aus iergendwelleche Grënn gewëssen Adminen net fonnt hunn: Kënnen d'Wikipedianer vun der éischter Stonn mer soen, ob hei ee feelt? --Volvox (Diskussioun) 22:03, 18. Jan. 2026 (UTC)
- Et huet op allefall soss kee wéi d'Briséis an de Cornischong eng Säit geläscht, éint d'Logbuch vun de Benotzerrechter gegraff huet. Also ginn ech dovunner aus, datt et se all sinn.
- Den Historique steet lo op Wikipedia:Administrateuren#Historique vun den Adminen.
- D'Interface-Adminen a Bürokraten hunn och hiren Historique kritt: Wikipedia:Interface-Administrateuren#Historique vun den Interface-Adminen a Wikipedia:Bürokraten#Historique vun de Bürokraten --Volvox (Diskussioun) 23:34, 23. Jan. 2026 (UTC)
„Easter Eggs“ fir 25 Joer Wikipedia
[Quelltext änneren]Ech sinn dorop gestouss, datt et fir 25 Joer Wikipedia eng Easter-Egg-Campagne gëtt, déi de 16. Februar bis de 16. Mäerz 2026 lafe soll. Dat ass eng kleng Spillerei, wou op vereenzelten Artikele jee no Theema e passende Beebee-Globus gewise gëtt, deen eppes mécht, wann een en uklickt.
Wa mir dëse sougenannte „Gebuertsdagsmodus“ op der lbwiki wëllen hunn, brauche mer de Konsens vun der Communautéit a kënnen dann ufroen, datt mer de Gebuertsdagsmodus hei zur Verfügung gestallt kréien. Doropshi kënne mir (resp. Adminen) selwer iwwer d'Spezialsäite vun der Community Configuration festleeën, op wat fir Säiten iwwerhaapt ee Beebee-Globus gewise soll ginn a wat fir een dat da soll sinn. Ausserdeem kënne mir selwer d'Astellung maachen a spéider änneren, ob de Gebuertsdagsmodus opt-out ass (also datt all Lieser déi verstreete Beebee-Globusse gesäit, et sief dann en deaktivéiert de Modus) oder opt-in (et gesäit kee Lieser d'Beebee-Globussen, et sief dann e géif de Modus explizitt aktivéieren).
Ech fannen dat eng witzeg Spillerei, déi keng Méi mécht (ech hunn déi néideg Interface-Messagë schonn all iwwersat a „Wëllkomm op der Wikipedia“ op Lëtzebuergesch als Audio-Fichier opgeholl – de Beebee-Globus schwätzt och heiansdo), a géif dat flott fannen, wa mer dat hei ee Mount laang hätten. Mir kënne jo mol mat der Opt-In-Versioun starte fir ze kucken, ob et éischter flott oder nerveg ass, an da jee nodeems d'Palett erweideren oder de Beebee-Globus ganz ofschalten.
Wat sot Dir dozou:
Sidd dir dofir, datt ech ufroen, datt mir d'Erweiderung WP25 Easter Eggs op der lëtzebuergescher Wikipedia installéiert kréien?
--Volvox (Diskussioun) 16:27, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro Ech sinn natierlech dofir, dofir hunn ech jo gefrot. ;-) --Volvox (Diskussioun) 16:30, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro Weess net richteg wéi et funktionéiert, mä komm, mir probéieren dat emol aus | GilPe (Diskussioun) 17:07, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro Net grad Ménges, mee firwat net. --Zinneke (Diskussioun) 17:26, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro wéi den Zinneke hei driwwer. --Cayambe (Diskussioun) 21:43, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro mol probéieren --MMFE (Diskussioun) 23:07, 9. Feb. 2026 (UTC)
Pro --Mobby 12 (Diskussioun) 09:52, 10. Feb. 2026 (UTC)
Pro --Robby (Diskussioun) 11:54, 10. Feb. 2026 (UTC)
Kommentar Well et net méi laang bis de 16. Februar ass, hunn ech elo schonn op meta:Talk:Wikipedia 25/Easter egg experiments#Enable on Luxembourgish Wikipedia op dës Ofstëmmung verlinkt a gefrot fir de Gebuertsdagsmodus opt-in z'aktivéieren. --Volvox (Diskussioun) 22:42, 10. Feb. 2026 (UTC)
Wikiiessen 2026 a Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg
[Quelltext änneren]Gudde Mëtteg alleguer,
wéi all Joer invitéiere mir op eist traditionellt Wikiiessen, wat dëst Joer samschdes, de 7. Mäerz, vun 11:45 Auer un zu Leideleng am Restaurant „De Spackelter“ ass. Hei kënne sech all Wikipedianer treffe fir gemittlech zesummen e Maufel z'iessen a sech iwwer Erfarungen, Problemer oder Projeten op der Wikipedia auszetauschen. Et ass och eng gutt Geleeënheet fir aner Wikipedianer perséinlech kennenzeléieren.
Nom Iessen ass ab 14:00 Auer d'Generalversammlung vu Wikimedia Lëtzebuerg zu Leideleng am Kulturzenter „An der Eech“, op déi och jiddereen – ob Member vu Wikimedia Lëtzebuerg oder net – häerzlechst invitéiert ass.
Umeldung: Fir d'Wikiiessen kann ee sech iwwer d'Säit Wikipedia:Wikiiessen 2026 umellen a fir d'Generalversammlung iwwer d'Säit Wikipedia:Generalversammlung Wikimedia Lëtzebuerg 2026. Alternativ kann ee sech och mat engem Kommentar hei drënner umellen; ech setzen déi Leit da bei déi offiziell Umeldungen iwwer déi zwou Evenementssäiten derbäi. Mellt iech wgl. bis spéitstens den 02.03. u fir d'Reservatiounen! --Volvox (Diskussioun) 12:26, 15. Feb. 2026 (UTC)
