Victor Kips
| Victor Kips | |
|---|---|
| Gebuer |
11. Abrëll 1917 Mäerzeg |
| Gestuerwen |
29. Juli 2012 Mäerzeg |
| Alter | 95 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Resistenzler |
| Famill | |
| Bestuet mat | Cécile Didier |
|
| |
De Victor Kips, gebuer den 11. Abrëll 1917 zu Mäerzeg, an och do den 29. Juli 1982 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Resistenzler.[1]
Hie war Bauer zu Mäerzeg. Am Zweete Weltkrich huet hien do d'Resistenzorganisatioun Lëtzebuerger Vollekslegioun (LVL) opgebaut, fir Zwangsrekrutéierten ze hëllefen, ënnerzedauchen a sech ze verstoppen. A kuerzer Zäit krut hien 28 Männer derzou, sech der LVL unzeschléissen.
No der éischter Befreiung vun Dikrech, am September 1944 war hie fir d'Iwwerwaachung vun 308 Kollaborateuren zoustänneg, déi am Gebai vun der Glyco-Fabréck festgehale goufen. Wéi d'Ardennenoffensiv am Dezember 1944 ugefaangen huet, huet hien hir Evakuatioun op Mäerzeg organiséiert, an duerno, wéi och Mäerzeg ënner Beschoss geroden ass, virun iwwer Useldeng op Nidderkuer, dann op Déifferdeng, a schliisslech bis op de Belval.
Als Revanche goufe seng Fra a säi Papp vun den Däitsche verhaft; seng Fra, d'Cécile Didier, koum an d'KZ Ravensbrück, wou se gestuerwen ass[2].
Hie blouf zu Mäerzeg wunnen, wou en och 1982 gestuerwen ass.
Fir un hien z'erënneren, gouf a sengem Heemechtsduerf eng Strooss no him genannt.[3]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Victor Kips um Instagram-Profil mnhmlux (Nationale Militärmusée) vum 31.08.2024.
- ↑ Kips Victor. ons-jongen-a-meedercher.lu (nogekuckt:06.02.2026).
- ↑ L-9167; Lokalisatioun op geoportail.lu.
