Op den Inhalt sprangen

Vendelin Jurion

Vu Wikipedia
Vendelin Jurion
Gebuer 4. Juni 1806
Béibreg
Gestuerwen 10. Februar 1892
Alter 85 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot, Riichter
Fonctioun President vum Staatsrot vu Lëtzebuerg, Buergermeeschter, Conseiller am Staatsrot
Auszeechnungen Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne

De Vendelin Jurion, gebuer de 4. Juni 1806 zu Béibreg, a gestuerwen den 10. Februar 1892 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e Lëtzebuerger Jurist a Politiker.

De Vendelin Jurion war Affekot um Bezierksgeriicht Dikrech, méi spéit um Ieweschte Geriicht an der Stad Letzebuerg.

Zu Dikrech war hie Buergermeeschter vun 1835 bis 1843.

1843 gouf e Sekretär an der Régence.

Hie war och an der Kommissioun, déi d'Lëtzebuerger Constitutioun vun 1848 ausgeschafft hat.

Vun 1842 bis 1848 a vun 1849 bis 1853 war hien Deputéierten fir de Kanton Dikrech[2] an der Chamber. 1848 war hien och Member vun der Assemblée constituante.[3]

Dertëschent an duerno war hie Member vun der Regierung: vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 war en Administrateur général an der Regierung de la Fontaine a vum 23. September 1853 bis de 24. Juni 1856 an der Regierung Simons, wou hien all Kéier fir den Interieur zoustänneg war.

Vum 28. November 1857 bis zu sengem Doud den 10. Februar 1892 war hie Member vum Staatsrot.[4]

Zu Dikrech huet en, zesumme mam Joseph-Antoine Schroell, d'Wochenblatt für Bürger und Landleute erausginn, déi éischt Zeitung zu Lëtzebuerg mat engem Feuilleton.

  • Officier vun der Légion d'honneur
  • Chevalier vum Ordre du Lion néerlandais
  • "Ritter 2. Klasse mit Stern des Roten Adler Ordens"

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ (fr) Renseingnements variés. Etat-civil de la ville de Luxembourg.- Décès. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 3. L'Indépendance luxembourgeoise (13.02.1892). Gekuckt de 06.10.2026.
  2. 1 2 (de) Vendelin Jurion. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 3. Luxemburger Zeitung (10.02.1892). Gekuckt de 06.10.2026.
  3. ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
  4. ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.