Op den Inhalt sprangen

Schal

Vu Wikipedia
E bloe Schal.

E Schal ass e längelzegt Stéck Stoff, datt ëm den Hals gedroe gëtt. De Begrëff "Schal" kënnt vum persesche Wuert شال (šāl).

Nieft sengem Haaptzweck, den Hals viru Keelt a Wand ze schützen, gëtt e Schal och dacks aus moudesche Grënn ugedoen.

A ville Kulture gehéiert e Schal zur Truecht. Och a bestëmmte Subkulture si Schaler beléift, zum Beispill ënner Sportfans, déi Schaler an de Veräinsfaarwen a mam Veräinsnumm undoen.

E Foulard oder Fischi ass e grousst, quadratescht Stéck Stoff, dat als moudeschen Accessoire um Hals oder dem Kapp gedroe gëtt. En Halsduch (vereelzt och nach Schnappech) ass en dräieckegt oder quadratescht Duch, dat och ëm den Hals oder iwwer d'Schëllere gedroe gëtt a keng Schutzfunktioun huet.

 Commons: Schal – Biller, Videoen oder Audiodateien