Krëppchen
Ausgesinn



Eng Krëppchen ass eng Duerstellung, mat Hëllef vu Figuren, vun der Chrëschtdagsgeschicht. Den Numm kënnt vun der Fudderkrëpp an déi, dem Lukasevangelium (Lk 2,7) no, d'Jesuskand geluecht gouf.
Krëppercher fënnt ee souwuel a Wunnenge wéi a Kierchen, se ginn am Laf vum Advent opgeriicht an dacks eréischt op Helleger Owend duerch d'Figur vum Jesuskand komplettéiert. Déi duergestallt Zeen ka sech an enger orientalescher, europäescher oder enger Landschaft déi där Géigend wou déi entspriechend Krëppchen ass, ofspillen. Als Ënnerstand fënnt ee meeschtens e Stall oder eng Hiel.
Figure bei der Krëppchen
[änneren | Quelltext änneren]- Jesuskand
- Maria, d'Mamm vum Jesus
- Jousef, de Papp vum Jesus
- Ues an Iesel
- Hierten a Schof
- Engel(en)
- déi "dräi Kinneken" (Melchior, Kaspar a Balthasar)
- donieft dacks Leit aus där Géigend wou d'Krëppche steet, z. B. Handwierker
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Krëppercher – Biller, Videoen oder Audiodateien |