Op den Inhalt sprangen

Korsika

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Collectivité territoriale de Corse
Verwaltung
Land Frankräich
Prefecture Ajaccio
Gegrënnt 11. Januar 1970
Ënnerdeelungen
Departementer 2
Arrondissementer 5
Kantonen 26
Gemengen 360
Demographie
Awunner 355.486
Awunnerdatum 1. Januar 2023
Geographie
Fläch 8.680 km²
Koordinaten 42°9'0"N, 9°5'0"O
Websäit https://www.isula.corsica/

Kaart

Satellittebild vun der Insel Korsika

Korsika (oder d'Corse) ass eng Insel am Mëttelmier, déi zanter dem 18. Joerhonnert zu Frankräich gehéiert. Et ass och eng administrativ Regioun vu Frankräich mat engem Extrastatut.

Geographesch, demographesch a politesch Donnéeën

[änneren | Quelltext änneren]

Lag a Gréisst

[änneren | Quelltext änneren]

Korsika läit ronn 200 km südwestlech vun der franséischer Côte d'Azur, westlech vun der italieenescher Toskana an nërdlech vun der italieenescher Insel Sardinien, vun där Korsika duerch d'Strooss vu Bonifacio getrennt ass. Korsika huet eng Fläch vun 8.680 km² an 355.486 Awunner (Stand 1. Januar 2023)[1][2], déi op Franséisch Corses genannt ginn. Et ass dënn besidelt, ronn 40 Awunner/km². Korsika huet eng accidentéiert Uewerfläch mat vill Hiwwelen a Bierger. Eng Partie Bierger si méi wéi 2.000 m héich:

Eng grouss Partie vun der Insel ass mat Bëscher bewuess. Well de Klima am Summer waarm an dréchen ass, si Bëschbränn net seelen. Vill Energie a Mëttel gi gebraucht fir se ze bekämpfen.

Politesche Statut an administrativ Ënnerandeelung

[änneren | Quelltext änneren]

Korsika huet haut ee privilegéierte Statut, deen a Frankräich eegenaarteg ass. Fréier war et eng Regioun vu Frankräich. Nom Gesetz vum 13. Mee 1991 ass Korsika eng Territorial Collectivitéit d'Collectivitéit territoriale de Corse: CTC. Den neie Statut gëtt Korsika méi Onofhängegkeet a Pouvoir, wéi enger Regioun. Dräi Organer sinn an deem Kontext geschaf ginn:

  • en Executiv-Conseil,
  • eng Korsesch Assemblée an
  • e Wirtschafts- an Sozialrot

Departementer an der Regioun Korsika

[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1976 bis 2017 bestoung Korsika aus zwee franséischen Departementer, déi den 1. Januar 2018 an der „Collectivité territoriale de Corse“ opgaange sinn. Fir statistesch Zwecker bestinn d'Departementer awer weiderhin.

(Déi meescht Informatiounen an der Tabell ginn automatesch vu Wikidata agebonnen)

INSEE-
Code
Departement Prefecture Populatioun Datum
Populatioun
Fläch
(km²)
Densitéit
(Aw./km²)
2A[3] Corse-du-Sud Ajaccio 168.306 1. Januar 2023 4.014 41,93
2B[3] Haute-Corse Bastia 187.180 1. Januar 2023 4.666 40,12

Sprooch a Kultur

[änneren | Quelltext änneren]
De Golf vu Girolata

Korsesch ass d'Sprooch vun de Korsen. Wa fréier jiddwereen op Korsika korsesch geschwat huet, da sinn et nach haut ronn 60% vun der Populatioun, déi d'Korsesch Sprooch beherrschen. Et ass eng laténgesch Sprooch, déi eng gewësse Proximitéit mam Toskaneschen huet a franséisch Aflëss integréiert huet. Déi ganz korsesch Kultur, Musek, Gesank (Polyphonie), Spréchwierder etc. ass op déi äusserst originell Sprooch opgebaut. Op si stäipe sech déi relativ staark Autonomiebestriewungen, déi vun der Inselbevëlkerung ausginn, an déi vu ville korseschen Associatiounen ënnerstëtzt ginn. Zwar spillt d'Franséischt d'Roll vun der Schrëftsprooch op Korsika, mä et ass net ze verkennen, datt grouss Ustrengunge gemaach ginn, fir d'Korsescht méi staark ze strukturéieren a fir aus hir méi, wéi nëmmen eng Mondaart ze maachen. Déi korsesch Sprooch huet den offizielle Statut vun enger Regionalsprooch a Frankräich, a gëtt an de korsesche Schoulen ënnerriicht. D'Universitéit vu Korsika, zu Corte, suergt dofir, datt d'Sprooch - mat hirer Literatur - wëssenschaftlecht gefleegt an eeschthaft studéiert gëtt.

Ajaccio ass d'Haaptstad vu Korsika. Aner Stied an Uertschafte sinn:

 Commons: Korsika – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. ↑ Populations de référence 2023.
  3. 1 2 Departementsënnerdeelung (fr. circonscription départementale)