Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 66.647 Artikelen an 134 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…
- … et beim lëtzebuergesche Schoulgesetz vun 1912 zu engem gudden Deel drëm goung, d'Muecht vun der Kathoulescher Kierch an de Primärschoulen anzeschränken, wat déi Jore virdrun zu heftegen Ausernanersetzungen tëscht Lénks- a Rietsparteie gefouert hat?
- … de Groussherzogleche Palais an der Mëtt vum 19. Joerhonnert eng Zort administrativen Allzweckbau war, wou nieft dem Kinnek-Groussherzog oder sengem Statthalter, déi do periodesch residéiert hunn, d'Regierung, d'Parlament, a vun 1858 un, de Staatsrot hire Sëtz haten, an och nach eng archeologesch Sammlung dran ënnerbruecht war?
- … de Vincent Wiesenbach (1880-1911), den éischte Lëtzebuerger mat engem Piloteschäin, 1911 mat sengem selwer gebaute Fliger déidlech verongléckt ass?
- … Neutral-Moresnet tëscht 1815 an 1919 en neutralen Territoire war, eng 65 km nërdlech vu Lëtzebuerg, well Preisen op der enger Säit, Holland an duerno d'Belsch op der anerer, sech net eens goufe wien e kréich?
- … den Adler um Duelemer Réimermonument ursprénglech vergoldt war an an eng aner Richtung gekuckt huet?
Artikel vun der Woch

D'Stad Esch-Uelzecht ass eng vun den 100 Gemengen zu Lëtzebuerg a Chef-lieu vum Kanton mam selwechten Numm. Mat 37.455 Awunner (2023) ass Esch déi zweetgréisst Stad vum Land.
Esch läit nërdlech vun den Ausleefer vum Pays-Haut, dem Loutrenger Plateau, um Floss Uelzecht, op der Grenz mat Frankräich. Laang en einfacht Bauerendierfchen, huet Esch zënter den 1870er Joren, mat der Entdeckung vun der Minett, an der domat verbonnener Entwécklung vun de Minièren, der Eisen- a Stolindustrie, bannent e puer Joerzéngte seng Populatioun verzéngfacht.
D'Strukturkris am Stolsecteur, déi Mëtt der 1970er Joren ausgebrach ass, huet et mat sech bruecht, datt no an no all Minièren an e groussen Deel vun de Schmelzen zougemaach hunn. Déi doduerch entstanen Industriebrooche ginn no an no nei bebaut: Op där vu Belval goufen zanter 2004 ronderëm déi erhalen Héichiewe nei administrativ, kulturell (Rockhal, Kino) an edukativ Gebaier (Uni Lëtzebuerg, Lycée Bel-Val) opgeriicht, sou wéi och Wunnengen, Büroen a Geschäfter. An den 2020er an 2030er Joren ass den Tour un de Brooche vun der Rouder Lëns an der Metzeschmelz... > méi

Op engem 15. Februar

- 1368: Gebuert vum Sigismund vu Lëtzebuerg, däitsche Keeser, Kinnek vu Béimen an Ungarn.
- 1564: Den italieenesche Physiker Galileo Galilei gëtt gebuer.
- 1710: De Louis XV. vu Frankräich kënnt op d'Welt.
- 1781: Doud vum däitsche Schrëftsteller Gotthold Ephraim Lessing.
- 1893: Gebuert vum lëtzebuergesche Politiker a Resistenzler Zénon Bernard.
- 1898: Den italieenesche Schauspiller a Komiker Totò gëtt gebuer.
- 1965: Den US-amerikanesche Sänger Nat King Cole stierft.
- 1971: Beim Decimal Day am Vereenegte Kinnekräich gëtt d'brittescht Pond an 100 Pence ënnerdeelt, an déi bis dohi gëlteg mëttelalterlech Ënnerdeelunge ginn ofgeschaaft.
Kierzlech Verstuerwen

- 11. Februar: Bud Cort, US-amerikanesche Schauspiller; Cees Nooteboom, hollännesche Schrëftsteller; James Van Der Beek, US-amerikanesche Schauspiller.
- <7. Februar: Patrick Hastert, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 6. Februar: Prosper Klein, lëtzebuergesche Riichter.
- 4. Februar: François Beukelaers, belsche Schauspiller.
- 1. Februar: Rita Süssmuth, däitsch Politikerin; Lucien Weiler, lëtzebuergesche Politiker.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
