Op den Inhalt sprangen

Eupen

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Belsch ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eupen
lb: Eupen
D'Haus Grand Ry, Sëtz vun der Däitschsproocheger Communautéit
An anere Sproochen fr: Eupen
de: Eupen
wa: Neyåw
nl: Eupen
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Awunner 18 408 (1. Jan. 2008)
Fläch 10.373
Koordinaten 50° 37’ 49.95’’ N
      06° 01’ 55.05’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4700
Websäit https://www.eupen.be/

Eupen (fr: Néau (al), wa: Nèyåw) ass eng belsch Stad a Gemeng, an der Provënz Léck, 15 km vun Oochen (dt. Aachen, fr. Aix-la-Chapelle) ewech. Eupen ass de Regierungssëtz vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.

Geschicht

Nodeem et 800 Joer laang zum Herzogtum Limburg gehéiert hat, gouf Eupen 1815, nom Wiener Kongress, u Preisen rattachéiert an duerno, 1920, nom Traité vu Versailles, mat den anere Gemenge rondrëm, der Belsch zougeschloen.

Déi haiteg Gemeng ass bei der belscher Gemengereform vun 1977 entstanen, duerch Fusioun vun de fréiere Gemengen Eupen a Kettenis.

Sektiounen an Uertschaften

  • Sektioun Eupen: Alt-Hattlich, Druggeborn, Frambach, Hill, Hochstrasse, Langesthal, Lommerich, Mospert, Néau, Nöreth, Oberste-Heide, Roll, Sainte-Marie, Schönefeld, Stockem, Ternell, Voulfeld.
  • Sektioun Kettenis:Bovendriesch, Buschberg, Feldchen, Gemehret, Gross-Weims, Gut Bourlée, Gut Gross-Stachels, Hagbenden, Helenhof, Klein-Weims, Klosei, Libermé, Merols, Nispert, Philippenhaus, Rowert, Schnellwind, Thal, Waldenburghaus, Wesselbend.

Sprooch

  • 90% vun den Awunner schwätzen Däitsch, 10% Franséisch an aner Sproochen als Mammesprooch. D'Majoritéit ass zwee- oder dräisprocheg.

Ekonomie

Kuckeswäertes

Kuckt och

Um Spaweck

 Commons: Eupen – Biller, Videoen an Audiodateien