Op den Inhalt sprangen

Erny Brenner

Vu Wikipedia
Erny Brenner
Gebuer 13. September 1931
Diddeleng
Gestuerwen 9. Juli 2016
Esch-Uelzecht
Alter 84 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp FC Aris Bouneweg,
Stade Dudelange,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Den Ernest "Erny" Brenner, gebuer den 13. September 1931 zu Diddeleng, a gestuerwen den 9. Juli 2016 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]

Tëscht dem 10. Abrëll 1955 am 19. September 1965 huet hien a 67 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 5 Goler geschoss.[3]

Mat 12 Joer huet den Erny Brenner beim Stade Diddeleng ugefaangene Foussball ze spillen. Duerno ass e bei d'Aris Bouneweg gewiesselt. Mat 21 Joer ass hien erëm zeréck bei de Stade Diddeleng gewiesselt, wou e bis 1965 als Back a Kapitän gespillt huet.

Den Erny Brenner war bestuet an huet ee Kand. Säi Bouf Romain war och Foussballspiller zu Diddeleng an ass fir den Ament (2016) Vizepresident vum F91.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 12. Juli 2016, S.53
  2. ↑ Den Erny Brenner op der Websäit profoot.lu Archivéiert de 26.07.2014. Gekuckt de 26.11.2011.
  3. ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Erny Brenner op der Websäit vun European Football