Op den Inhalt sprangen

Ecuador

Vu Wikipedia
República del Ecuador
Republik Ecuador
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Spuenesch
Haaptstad Quito
Staatsform Presidialrepublik
Staatsleedung
President vum Ecuador Daniel Noboa
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 256.370 km²
Bevëlkerung 16.938.986 (2022)
Bevëlkerungsdicht 72 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 24. Mee 1822 (vu Spuenien)
Nationalfeierdag 10. August
Nationalhymn Salve, Oh Patria
Praktesch Informatiounen
Wärung Sucre (ECS)
US-Dollar (USD)
Zäitzon UTC -5
Internet-TLD .ec
Internationalen Telefonsprefix +593
D'Anden am Ecuador, mat zwéi schnéibedeckte Vulkaner: lénks den Antisana, riets de Cotopaxi, 2004.

D'Republik Ecuador, op Spuenesch República del Ecuador, ass e Staat am Nordweste vu Südamerika tëscht dem Peru a Kolumbien. Am Weste stéisst den Ecuador un de Pazifik.

D'Haaptstad Quito läit an den Anden op enger Héicht vun 2.800 Meter, ongeféier 30 km südlech vum Equator.

Wéi den Numm et seet läit Ecuador um Equator, de gréissten Deel vum Land läit awer südlech dovun.

D'Galápagos-Inselen déi zu Ecuador gehéieren, leien eng ronn 1.000 Kilometer virun der Küst.

Geographesch deelt d'Land sech a véier Haaptregiounen op:

  • Déi westlech Küstegéigend, déi aus Schwemmland an aus niddrege Bierger laanscht d'Küst besteet. Duerch d'Küstegéigend leeft de Río Guayas
  • D'Anderegioun, déi aus zwou Gebirgsketten (Andekordilleren) besteet mat engem Héichdall dertëscht, wou de Vulkanismus staark ass.
  • Dat ëstlecht Amazonas-Déifland, Oriente genannt, op den Osthäng vun den Anden, an dem schwaach besiidelten ieweschten Amazonasbecken
  • D'Galápagos-Inselen.

Administrativ Andeelung

[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatiounen doriwwer am Artikel: Provënzen am Ecuador.

Den Ecuador ass zanter dem November 2007 an der OPEC[1].

Am Land gëtt et 11 méi grouss Dageszeitungen; déi gréisst dovun ass d'Extra.

D'offiziell Sprooch am Land ass Spuenesch.

  • Feser, V., 2007. Ecuador, inkl. Galápagos. Michael Müller Verlag, 4. aktualisierte und erweiterte Auflage, 672 S. (Dee warscheinlech beschte Guide fir Ecuador; den Auteur lieft zanter ville Joren zu Quito).

Fotoalbum Galápagosinselen

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Ecuador – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ D'Opec akzeptéiert Ecuador als Memberstaat Archivéiert de 06.10.2016. Gekuckt den 30.03.2008.