Blake Edwards
| Blake Edwards | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | William Blake Crump |
| Gebuer |
26. Juli 1922 Tulsa |
| Gestuerwen |
15. Dezember 2010 Santa Monica |
| Alter | 88 Joer |
| Doudesursaach | Longenentzündung |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Filmregisseur, Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Sculpteur, Regisseur |
| Member vun | WGA West |
| Auszeechnungen | Writers Guild of America Award, Éierenoscar, Stär um Hollywood Walk of Fame |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Patricia Walker (1953–1967), Julie Andrews (1969–15.12.2010) |
| Kanner | Geoffrey Edwards |
|
| |
De William Blake McEdwards, bekannt als Blake Edwards, gebuer de 26. Juli 1922 zu Tulsa (Oklahoma), a gestuerwen de 15. Dezember 2010 zu Santa Monica (Kalifornien), war en US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
Hien huet seng Karriär an den 1940er Joren als Schauspiller ugefaangen. Duerno huet hien eng sëllegen Dréibicher a Radios-Lauschterspill-Serië geschriwwen. 1955 huet hien eng éischt Kéier Regie gefouert (Bring Your Smile Along). Seng Televisiounsserie Peter Gunn hat e grousse Succès.
Zu senge bekanntste Wierker ziele Kaméidisfilmer, virop d'Pink Panther-Serie an The Party, all Kéier mam Peter Sellers an der Haaptroll, mä och méi eescht Filmer, wéi Breakfast at Tiffany's (1961), mat der Audrey Hepburn a man George Peppard, oder Days of Wine and Roses (1962), mam Jack Lemmon.
2004 krut de Blake Edwards den Éierenoscar fir säi Liewenswierk.
Filmographie (als Regisseur)
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- Bring Your Smile Along (1955) mam Frankie Laine a Keefe Brasselle
- He Laughed Last (1956) mam Frankie Laine
- Mister Cory (1957) mam Tony Curtis a Martha Hyer
- This Happy Feeling (1958) mam Debbie Reynolds a Curd Jürgens
- The Perfect Furlough (1959) mam Tony Curtis an Janet Leigh
- Operation Petticoat (1959) mam Cary Grant an Tony Curtis
- High Time (1960) mam Bing Crosby an Tuesday Weld
- Breakfast at Tiffany's (1961) mam Audrey Hepburn an George Peppard
- Experiment in Terror (1962) mam Glenn Ford a Lee Remick
- Days of Wine and Roses (1962) mam Jack Lemmon a Lee Remick
- The Pink Panther (1963) mam David Niven a Peter Sellers
- A Shot in the Dark (1964) mam Peter Sellers an Elke Sommer
- The Great Race (1965) mam Jack Lemmon an Natalie Wood
- What Did You Do in the War, Daddy? (1966) mam James Coburn an Giovanna Ralli
- Gunn (1967) mam Craig Stevens
- The Party (1968) mam Peter Sellers
- Darling Lili (1970) mam Julie Andrews a Rock Hudson
- Wild Rovers (1971) mam William Holden a Ryan O'Neal
- The Carey Treatment (1972) mam James Coburn an Jennifer O'Neill
- The Tamarind Seed (1974) mam Julie Andrews an Omar Sharif
- The Return of the Pink Panther (1975) mam Peter Sellers an Herbert Lom
- The Pink Panther Strikes Again (1976) mam Peter Sellers an Herbert Lom
- Revenge of the Pink Panther (1978) mam Peter Sellers an Herbert Lom
- 10 (1979) mam Dudley Moore a Bo Derek
- S.O.B. (1981) mam Julie Andrews a William Holden
- Victor/Victoria (1982) mam Julie Andrews an James Garner
- Trail of the Pink Panther (1982) mam Peter Sellers an Herbert Lom
- Curse of the Pink Panther (1983) mam Peter Sellers an Herbert Lom
- The Man Who Loved Women (1983) mam Burt Reynolds an Julie Andrews
- Micki + Maude (1984) mam Amy Irving an Ann Reinking
- A Fine Mess (1986) mam Ted Danson
- That's Life! (1986) mam Jack Lemmon an Julie Andrews
- Blind Date (1987) mam Bruce Willis a Kim Basinger
- Sunset (1988) mam Bruce Willis a Malcolm McDowell
- Skin Deep (1989) mam John Ritter
- Switch (1991) mam Ellen Barkin a Lorraine Bracco
- Son of the Pink Panther (1993) mam Roberto Benigni an Herbert Lom
Televisioun
[änneren | Quelltext änneren]- Four Star Playhouse (1954)
- Peter Gunn (Serie, 1958)
- Mr. Lucky (Serie, 1959)
- Julie and Dick at Covern Garden (1973)
- Justin Case (1988)
- Peter Gunn (1989)
- Victor/Victoria (1995)
