Bakhief
Ausgesinn


Bakhief, dacks och nach einfach Hief genannt, ass eng Zort Hief. Hire wëssenschaftlechen Numm ass Saccharomyces cerevisiae. Si gëtt ënner anerem bei der Produktioun vu Bakwueren, Béier, Wäin, Viz, Esseg a Biokraaftstoff gebraucht.
Hief ass en eenzellege Champignon, deen Zocker vergäre kann. Beim Bake produzéiert d'Bakhief Kuelendioxid, wouduerch den Deeg opgeet a liicht a lëfteg gëtt.[1] Bei der Béier- a Wäiproduktioun wandelt d'Hief Zocker an Alkohol a Kuelendioxid ëm. Dee Prozess gëtt Gärung genannt; beim Wäi gëtt de gréissten Deel vum Kuelendioxid fräigesat, wärend e beim Béier dacks erhale bleift an d'Kuelesaier (Spruddel) bilt.
Fir de private Gebrauch ass Bakhief frësch oder gedréchent ze kréien.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Bakhief – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Irene Krauß, Treibende Kräfte in der Backgeschichte - Wie Hefe und Backpulver zu Garanten für lockere Teige wurden. Wissensforum Backwaren e.V.. Gekuckt den 22. Januar 2025.